Wat ass d'”MIL”?

D’Monarchistesch Initiative Lëtzebuerg ass eng onofhängeg Säit, déi d’Staatsform vun der Monarchie promouvéiere well. Oft si Leit sech net bewosst, dass eng Monarchie nämlech net nemmen “eng schéin Traditioun” ass, mee eng Staatsform, déi als politesche Konzept ganz rational Virdeeler géigeniwer aanere Systemer huet. Déi meescht modern Monarchisten sinn dowéinst der Meenung, dass d’konstitutionell Monarchie déi wuel ideal Regierungsform fir ee Staat ass. Op deser Säit sollen d’Argumenter dofir an dogéint erklärt, an och interessant News aus Lëtzebuerg an der Welt zum Thema Monarchismus gedeelt ginn.

D’Monarchistesch Initiative Lëtzebuerg ass eng onofhängeg Interessevertriedung. Si an hier Meenungen stinn net a Verbindung zum Groussherzoglechen Haff oder iergendenger aanerer monarchescher Institutioun!