Reportagen iwwer den 20. Trounjubiläum vum Grand-Duc Henri

Et ass ganz flott, dass och RTL iwwer den 20. Trounjubiläum vum Grand-Duc Henri schreift. Am Artikel doriwwer sti just e puer Feeler, zu deene mir Informatioune bäisteiere wëllen.

D’Pouvoire vum Grand-Duc, dorënner d’Vetorecht, sinn 2008 net ofgeschaaft ginn. De Wuertlaut gouf geännert, well “sanctionner” implizéiert, dass hien net nëmmen d’Gesetz akzeptéiert, mee et och als Persoun guttheescht. An der Praxis huet sech wéineg geännert, an do gouf och keng Verfassung blesséiert, wéi den Här Frieden behaapt huet.

Ausserdeem sot d’Reporterin, dass den Här Bettel gewisen hätt, “ween de Chef” wier. Stand vum 7. Oktober 2020 steed an der Verfaassung, dass de Grand-Duc de Staatschef ass…dee Kommentar kann also irritéieren.

Och huet de Grand-Duc ni refuséiert d’Euthanasiegesetz ze ennerschreiwen, wat säi Recht wier, wann e gesi géing, dass ee Gesetzesprojet d’Wuel vum Vollek beanträchtege géing. Mee hien hat eebe just dorop bestan, dass de Wuertlaut an der Constitutioun geännert gett, fir dass hien et ënnerschreiwen (a promulgéiere) kann, ouni domat selwer d’accord ze sinn, wat virdrun net méiglech gewiescht wier.

Da steet do nach, dass de Grand-Duc wéinst senge kathoulesche Wäerter “refuséiert” hätt d’Gesetz a Kraaft ze setzen. Verbessert eis gären, falls mir falsch leien, mee mir hu kee Passage fonnt, an deem de Grand-Duc an dësem Kontext iergendwou jeemools och nëmmen ee Wuert vu senger Relioun geschwat oder geschriwwen hätt.

Hien sot, wéi ee jo an Ärem Video héiert: “An enger Fro, wou et em d’Enn vum Liewe geet, hunn ech (…) fir mech selwer d’Urecht op Gewëssensfräiheet an Usproch geholl.” Aus dësem Satz kann ee just schléissen, dass dem Grand-Duc dëse Sujet um Häerz läit. Wéi seng konkret Usiichten zur Euthanasie sinn a vu wou déi kommen, erkennt een dorun net. Dass dobäi chrëschtlech Wäerter eng Roll spillen ass natierlech méiglech, mee vollkomme spekulativ, well hien sech dobei net op déi beruff hat.

Onofhängeg dovu, wéi ee selwer zur Euthanasie, oder wat fir engem Sujet och ëmmer steet muss een appreciéieren, dass de Grand-Duc säin Amt wierklech eescht hellt, an der Responsabilitéit vun staatsdroenden Aufgaben bewosst ass. Kann een dat vun all Politiker, egal aus wat fir enger Partei, behaapten?

De Grand-Duc Henri an d’groussherzoglech Famill maachen eisem Land am Ausland vill Dieren op. Lauter Projeten, wéi ënner anerem hier sozial Initiativen, déi een am Video vun RTL kuerz schéi gesäit, sinn typesch “Backstage”-Aarbecht. Well soe, mir kréien se net ëmmer mat, mee déi concernéiert Menschen duerchaus. Doriwer eraus huet d’Monarchie déi wichteg Roll iwwer d’Politik ze veilléieren fir, wann néideg, dorun ze erënneren, dass net nëmmen politesch Plänkereien um Spill stinn, mee d’Ministeren an Deputéiert net nëmme vis a vis vun hierer Wielerschaft, mee vum ganze Vollek (an och net nëmmen dem Walvollek) eng Responsabilitéit hunn.

Dass de Staatschef eeben net just eng Figur aus der Parteipolitik ass, mee eng neutral Persoun, déi hiert ganzt Liewe laang dorop virbereet ginn ass, an dobäi op iwwer Generatiounen ugesammelt Erfarungen zréckgräife kann, ass eppes, fir dat mir als Bewunner vun enger Monarchie dankbar an houfreg si kennen.

Dowéinst loosst eis Merci fir déi lescht 20 Joer soen an op 20 weider gudder hoffen!

Comments are closed.